Skip to content

23 février 2024 – Assemblée Générale

Al Schmelz – Steinfort

Den 23. Februar 2024 hu mir eis Generalversammlung an der “Al Schmelz” ofgehalen.

Eise Präsident Rafael GOMES war frou, fir eis Memberen, d’Kolleegen aus den Nopeschsektiounen Habscht a Kielen a besonnesch eisen Éiregaascht, d’Europadeputéiert Martine KEMP kënne bei eis ze begréissen
E grousse Merci och un de Carlo KEMP vun Diddeleng fir seng Präsenz.

Nom administrativen Deel hunn eis Gemengeréit, den Tom MATARRESE an de Georges ZEIMET en Abléck an hir Aarbecht am Gemengerot ginn. Den Tom fir d’Zäit bis Juni 2023 an de Georges fir d’Zäit vu Juli 2023 bis Februar 2024.

Et war dunn un der Éierung vum Tom MATARRESE fir seng laang Joeren am Gemengerot.
Den Tom ass den 11 Juni 2023 leider net méi zeréck an de Gemengerot gewielt ginn – dëst nodeems hie säit 1999 d’CSV onënnerbrach an dësem vertrueden huet.
Den Tom war vun 2011 – 2013 och Schäffen ënnert dem Buergermeeschter Jean-Marie WIRTH.
Mam Tom geht dem Gemengerot a besonnesch der CSV en extrem engagéierten a kompetente Conseiller verluer.
Mir si frou, dass den Tom weider an der Sektioun matschafft an dass hien eisen aktuelle Conseilleren, dem Bénédicte JANNE an dem Georges ZEIMET, weiderhinn mat sengem Wëssen zur Säit steht.
MERCI TOM!

Duerno war et eng interessant Interventioun vun eiser Europadeputéierter dem Martine KEMP, an deeër si d’Fro gestallt huet “Si mir räich?” a mat eis hir Iwwerleeungen dozou gedeelt huet.
Räichtum ass net nëmme materiell a finanziell – Räichtum ass och “Gemeinwohl”: Liewen a Fridden, e gudde Gesondheetsssystem, Solidaritéit tëscht de Leit an tëscht de Länner, fräi Zirkulatioun, Meenungsfräiheet, Garantie vun Demokratie a Rechtsstaatlechkeet, …
Alles Wäerter a Begebenheeten, déi net selbstverständlech sinn. Op ville Plazen op der Welt beneiden d’Mënschen eis fir eis privilegiéiert Situatioun an Europa.
Esou gesinn, si mir räich an et ass wichteg, dass mir eis dofir asetzen, dass all dat erhale bleift an dass mir eis kloer zu Europa an zu der EU bekennen.
D’CSV ass e Garant dofir an dofir ass et wichteg, fir den 9. Juni 2024 wielen ze goen a fir d’CSV am EU-Parlament ze stäerken.
(d’Lëscht vun der CSV gëtt den 28. Februar vum Nationalrot ofgeseent)

Zum Ofschloss huet de Präsident op de Patt invitéiert

Beitrag deelen