Pot de Nouvel An 2012

15. Januar 2012

Och dëst Joer hate mir erëm eisen, scho bal traditionnellen, Neijooschdagspatt organiséiert. Invitéiert waren all Memberen a Frënn vun der Stengeforter CSV-Sektioun, mee awer och d’Vertrieder vun de lokale Veräiner.

Comme les années précédentes, nous avions invité nos membres, nos amis et les représentants des associations locales  à notre pot de Nouvel An qui est devenu une tradition.

 

Méi Biller vun der Receptioun am Centre “Al Schmelz” / Plus d’images de la réception au centre “Al Schmelz”

Bonne Année – 2012 – Alles Gutts am Neie Joer

De Xorro an d’CSV Sektioun Stengefort wënschen Iech ee schéint an zefriddent Neit Joer an hoffen, dass 2012 Iech all dat bréngt, wat Dir Iech erhofft.

 

 

Xorro et la section CSV de Steinfort vous souhaitent une Bonne Année 2012 et espèrent que 2012 donnera satisfaction à toutes vos attentes.

 

Oppositioun: Mir sinn dofir, fir dogéint ze sinn!

Do kann de Xorro nëmmen de Kapp rëselen:

An der Sitzung vum Gemengerot vum 29. November 2011 stëmmen d’Réit vun der LSAP unanime fir d’Kandidatevirschléi vum Schefferot, fir d’Gemengesyndikater.

Duerch eng nei Regelung mussen déi Decisiounen an der Sitzung vum 22. Dezember 2011 nei gestëmmt ginn, des Kéier iwwert de Vote-secret.

Heielei, kuckelei! Ee Mount méi spéit hunn d’Oppositiounsréit hir Meenung geännert!, a si stëmme géint d’Virschléi vum Schefferot (déi nach ëmmer déi selwecht sinn, wéi ee Mount virdrun!).

Hir Erklärung: Well déi “béis” CSV, an enger Publikatioun à-tous-les-ménages, hir Vertrieder schonn annoncéiert hat, ass de Vote souwisou sënnlos.

Haut esou, muer esou, d’Haaptsaach, mir sinn dergéint.

Naja!, de Xorro denkt sech säint!

Dat gëtt jo nach “lëschteg” déi nächst 6 Joer.

Dem Xorro war awer och opgefall, dass et bei den LSAP-Réit mindestens ee Standhafte gouf, deen sech zumindest nach deelweis  u säi Vote vum 29. November konnt erënneren.  Chapeau!

Den neien “Op de Punkt” ass do!

Den neien “Op de Punkt” stellt Iech eis Vertrieder am Scheffen- a Gemengerot vir.

Klickt hei , fir en online ze liesen.

La nouvelle édition du  “Op de Punkt” vous présente nos représentants au collège échevinal et au conseil communal.

Cliquez ici , pour le lire en ligne.

CSV-DP Schefferotserklärung

An der Gemengerotssitzung vum 29. November, der éischter regulärer Sitzung ënnert der neier Majoritéit, huet de Buergermeeschter Jean-Marie Wirth d’Schefferotserklärung fir déi nächst 6 Joer presentéiert.

Dem Ex-Buergermeeschter Guy Pettinger (LSAP) seng direkt Replik war, dass hie géif feststellen, dass d’Schefferotserklärung e “copy-paste” vum LSAP Wahlprogramm wier (och nozeliesen am LW an op mywort vum 2. Dezember 2011.

De Xorro wees elo net richteg, wéi hien dat elo soll verstoen – ass dat ee Luef un d’Adress vun der neier Majoritéit, oder ass dat eng Kritik um LSAP Wahlprogramm?

Ëmmerhi kënnt déi Ausso vun engem deen et misst wëssen!

De Xorro freet sech op jiddefall schonn op d’Gemengerotssitzung vum 12. Dezember, wann der Oppositioun hiere Kommentar zur Schefferotserklärung virgedroe gëtt.

Hien ass gespaannt, wéi ee Prabbeli, wéi d’LSAP-Acteuren do nach d’Kéier kréien.

Den RTL-Commentaire.

Den Artikel aus dem Tageblatt vum 1. Dezember 2011

Vereedegung vum neie Stengeforter Schefferot

Le collège des bourgmestre et échevins de la commune de Steinfort (de g. à dr.): Daniel Frieden, échevin ; Jean-Marie Halsdorf, ministre de l’Intérieur et à la Grande Région ; Jean-Marie Wirth, bourgmestre de la commune de Steinfort ; Tom Matarrese, échevin.

Fotos: SIP / Charles Caratini, tous droits réservés

Rumeurs – Gerüchte – Gespréich

Des rumeurs – que des rumeurs …

Depuis que les résultats des élections communales sont connus, les rumeurs courent à vitesse “grand V”:

- on dit que les élus du CSV veulent congédier les femmes de charge de la commune

- on dit que les élus du CSV veulent stopper la construction du “skater-parc”

- on dit que les élus du CSV veulent résilier la convention avec le CIGL

- on dit que …

Ce que les élu(e)s du CSV veulent vraiment:

Tout d’abord ils et elles veulent que les rumeurs non-fondées cessent.

Ce que les élu(e) du CSV veulent réaliser dans les 6 années qui viennent, avec le concours de leur partenaire de coalition,  vous pourrez le découvrir lors de la déclaration du collège échevinal en fin d’année.

En attendant vous pouvez trouver les grandes lignes dans notre programme électoral sur notre site.

Si jamais vous auriez des doutes sur les intentions des élu(e)s du CSV, n’hésitez pas de les contacter et de les confronter avec vos doutes.

Toutes et tous se feront un plaisir de vous convaincre que les rumeurs qui courent font abstraction de tout bon sens et de tout trait à la réalité.

Si toutefois vous êtes vraiment amateur de la rumeur, nous vous conseillons fortement de cliquer ici pour bénéficier d’une belle rumeur dont nous n’avons pas honte du tout de la disséminer.

Skate-Parc zu Stengefort – Feierkrop vs. déi ganz Wourecht

Am leschte “Feierkrop” huet dem Krop seng gutt informéiert Lokalkorrespondentin “Ketty Katz” gemengt, de Jean-Marie Würz hätt sech blaméiert, well hien de Projet vum Skater-Parc hätt wëlle stoppen éiert hie vereedegt ass.

Léift Ketty Katz,

Wann Ären, vermengtlech gutt informéiert/en, Undercover-Informant/in Iech intern Informatiounen zouspillt, da soll hien/si dat dann och komplett maachen, well hallef Wourechten sinn ebe keng ganz. Vergonnt him/hir ee Wuert, si soll Iech besser informéieren, soss gëtt dat näischt ;-) .

De Stengeforter Leit wëlle mir awer kuerz soen ëm wat et geet.

De Skater-Parc ass an der leschter Gemengerotssitzung gestëmmt ginn, mat de Stëmme vun der CSV: et ass also guer keng Rieds vu Stoppe vum Projet. Mir wëssen och no de Wahle nach, wat mir virun de Wahlen matgedroen hunn a mir stinn eemol wéi d’anert zum Projet “Skater-Parc”.

Wat mir gefrot hunn, ass, dass d’Aarbechten net sollen ugefaange ginn, well et Bedenke gëtt, wéinst dem Site, op deem dëse Skater-Parc soll amenagéiert ginn. Déi Bedenke kommen ënner anerem vum Léierpersonnal.

Fir keng onnëtz Diskussiounen erbäizeféieren, huet de Jean-Marie Wirth gefrot, fir d’Aarbechten am Suspens ze halen, mat der Iddi, fir eng Diskussioun iwwert de Site ze féieren an no eventuellen Alternativen ze sichen.

Dat huet wéineg bis guer näischt mat Vereedegung oder net ze dinn a scho guer näischt mat “sech-lächerlech-maachen”, mee ass einfach eng Fro vu gesondem Mënscheverstand.

Affaire à suivre also …

Mir schécken eis beschte Gréiss un d’Ketty Katz a freeën eis op eng gutt, fair an humorvoll Zesummenaarbecht.

Mir soen och dem “Feierkrop” Merci, well hien ass eent vun de wéinege Presseorganer, déi matkritt hunn, dass och zu Stengefort eng absolut Majoritéit gekippt gouf.

Chronique locale – Lokalchronik

Aus de Stengeforter Neiegkeeten vum Dezember 1981:

d’Buergermeeschteren vun der Gemeng Stengefort vu 1797 bis 1982.

 

Extrait des “Stengeforter Neiegkeeten de décembre 1981:

les bourgmestres de la commune de Steinfort de 1792 à 1982

 

 

Fir komplett ze sinn / Pour être complets:

Asselborn Jean vu 1982 bis 2004

Pettinger Guy vun 2004 bis 2011

Wirth Jean-Marie vun 2011 bis …

(un grand Merci à  Paul Oswald pour ses recherches)